menu
menu
menu
menu
menu
menu
menu
menu

Search

28/12/2007 - Neujahrsansprache 2007 (n° 680)

Neijooschtried vum Granduck Lannenhari

Löf Lëtzebuerger,

Schons nees geet e Joer op en Enn, duecht ech, wéi mer alleguerten ronderëm de Chrëschtböömche soutzen a schö Lidder songen, möng Fra, d’Granduschess, mäi Papp, dee mam Rösbengel den Takt geklappt huet, méng Geschwëster, eis Prënzekanner an eis zwee, ööö, Önkelkanner. Nom leschten Halleluja krut jiddereen eng Tranche Bûche, ausser eis zwee, ööö, Önkelkanner natierlech, an ech sot: „Näischt as awer garantéiert, villes bleiwt ze iwwerdenken. D’Waasser leeft de Bierg op oder of. Wann et päift, da fiert den Zuch.”

Wéi mer dunn öwes zu 19 schnuckeleg waarm am Rangerover soutzen a mat 190 op Gilsdrëf an d’Mette gebriedert sinn, fir mat engem charismatesche Camembert de Läif vun eiser Här z’iessen, duecht ech, wéi no Fröd a Löd beienön leien. Si mir dann net allguerten an dëser Welt vun haut dat, wat am mööschten, köömools e sëllechen, ma och net oder dach?

Möng Fra, d’Granduschess, wor dëser Deeg eng Grimmel trauereg, well eise Chrëschtböömche keng Nole méi hat. Et wor dee Böömche vum vireschte Joer. Ech hat menger Famill gesot, datt mer mam gudde Beispill misste vir goen a ganz nohalteg liewen. Mir hunn d’Heizung am Palais kleng gedréint, mir hunn op der Toilette eng 25er Bier agedréint a mir iesse villes, wat ech selwer geschoss hunn. Dat ass den Développement durable. Ma mir kënnen eis et och net méi lööschten, zanter datt ech weder menger Mamm, getréischt, hiert Läffelsgeschör, nach de Gréngewald hunn dierfe verklappen.

Fir méng Fra, d’Granduschess ze tréischten, sot mäi Brudder hir, hie géng hir nach séier ee Beemchen an de Gréngewald an och eng Koppel Cegedelspoteauen hae goen. Ma mäi Papp, deen net méi esou gutt höert, huet gejaut: „D’Fanger ewech vun de Lannen, du Fatzbeidel!“. Eise Maréchal de la Cour hat Angscht, dat kéim nees an d’Press, elo wou eise Procureur sech esou vill Méi gëtt, fir dem Jean säi Casier wäis ze wäschen.

Dat bréngt mech op déi gutt Nuvell fir mäi Vollek: Vun elo u kann all Mann a Fra aus dem Vollek duerch mäi Gréngewald spadsöere goen, wann ech net grad op der Klappjööcht sinn. Dat as mäi Cadeau un d’Vollek.

Virun engem Mount wor den Här Mittal op Staatsvisite a Brasilien, an ech a meng Fra, d’Granduschess, hunn hien dierfe beglöden, fir eis Bëscher dohanne kucken ze goen. Do sot si net ganz zu Onrecht: „Enrico, wat ass Brasilien awer nach ëmmer eng schrecklech Diktatur. Hei muss eisereen esouguer nach d’Bëschaarbechter aus der ögener Täsch bezuelen.“

Loosse mer iewel léiwer mat Optimissem an den Avenir kucken. An dat neit Joer versprécht eis vill schéin Amenter. Esou soll Enn dës Joers mäi Staatsminister Jean-Claude Juncker op Bröössel goen, an da récklen ech no a gi Granduck. Dat wäerde mer da feiere mat engem Freedefeier op den Dräi Eechelen, enger Mass an der Kathedral, an eis zwee, ööö, Önkelkanner däerfe sech dann och eng Tranche Bûche deelen.

Ma elo muss ech Schluss maachen, well ech muss nach d’Valörlux-Tut virun d’Dör setzen.

Vive Lëtzeböreg!

KROP DER EN ABO, SOSS KROOPT DÉCH DEN ABBÉ

abonnéieren