menu
menu
menu
menu
menu
menu
menu
menu

Search

29/12/2000 - Neujahrsansprache 2000 (n° 348)

D’Neijooschtried vum Lannenhari a Maria-Temesta

Löf Universitären, löwe Rotary-Club, löf Lëtzebörger,

Zanter dräi Méint höt eis schéin Hemecht en neie Granduc an eng nei Granduschess. A mör soen: et wor hööch Zäit ginn.

All zesummen hu mör de 7. Oktober dat schéint Föst gefeiert. A mör kënnen ööch versécheren, datt mör zanterhier och onsen Eed geléiert hönn. Mör kënnten e bal auswenneg opsoen, wa mör nach eng Kéier ge-ge-gefrot géifen.

Mör haten ööch en neie Stil versprach. An dör hutt sécher gemierkt, datt mör net zevill versprach hunn.

Mör hu schons an e puer Méint méi Interviewe ginn, wéi eise Papp a Schwéierpapp, dee jo och kön Universtär ass, a séngem ganze Règne. Sécher hu mör dobei och Topegköte gesot. Ma do gesitt der, wéi volleksno mör sinn. Mör si schon an denen schlechsten Televisiounsemissiounen opgetrueden, a mör hun déi dommste Prösantateuren op eisen Trounwiessel invitéiert.

D’lescht Woch hu mör et esougör arrangéiert, datt e Kameramann vun RTL hannen am Auto soutz, wéi eise Sonn Guillaume zu Colmarbierg besser wéi säi Monni Guillaume fuere geléiert höt.

Dör gesitt: Den neie Stil ass do. Mör wölle mat der Zäit goen. Den Haff soll net méi nëmme fromm a konservativ sönn, ma och liberal an modern, net nëmme schwaarz, ma och blo. Mör wöllen den Haff vun der Transparenz an dem Dialog sin. Als nächst loosse mer Web-Cameraen an den Toilette vum Palais ophänken. Oder wéi eise Sonn, den Örfgroussherzog Guillaume sot: Mör maachen e richtege Big Brother-Palais!

Als Granduc a Granduschess wëlle mör dem Land en neie Papp an eng nei Mamm sönn. Well an dësen Zäiten, gin iwwerall Öördnung, Disziplin a gutt Manéiere verlör. Wéivill ënnert eis schneiden hire Fësch mat engem gewönleche Messer? Wéivill Männer gin net méi an d’Härenzëmmer, fir ze fëmmen? Wéivill Frae sëtzen net méi am Damme-Suedel op hire Päerd?

Dofir musse mör alleguerte ferm zesummenhalen. Mör mussen nees e Vollek ginn, dat Moral huet, an dräimol am Dag d’Zänn wäscht. Dat séng Neel botzt a séng Hecke schneit. Dat säin Dreck sënnert, a keen ale Pobeier bei d’plasticks Fläsche geheit.

A mör mussen un déi denken, denen et net esou gutt geet wéi ons. Déi Krank, déi ënner föttegen Hoer, ënner Mondgeroch a Schubber leiden. Déi Plattféiss hun, déi Einlagen a Rheumawäsch droe mussen.

Mör mussen und déi Aarm denken, déi keen Haus op der Côte d’Azure hunn, an déi mussen an der Vakanz an en Hotel goen. Déi kee Fitness-Keller fir hir Kanner hun, a se mussen an de Basket féieren.

An all déi aarmen Nögerkanner an Afrika, déi näischt z’öössen hunn. U si musse mer fir d’allerööscht denken an alles maachen, fir datt si esou séier wéi mööglech en Internet kréien. Dofir as d’Granduschess och Ambassadrice vun der Uno ginn, an höt en Tailleur unn, fir deem säi Präiss e ganzt afrikanescht Döerf e Joer laang liewe kënnt.

Öördnung, Disziplin a gutt Manéieren sinn nämlech keen Zweck u sööch. Si sinn esou wichteg fir ons Ökonomie. Mör wëllen ons perséinlech zesumme mat onse Frënn vum Rotary-Club doför asetzen, datt d’Kompötitivitéit vun der Lëtzebuerger Ökonomie mat hööche Böneficer an nidderege Löhn gestäerkt gët. Mör wëllen do e Beispiell sin a bezölen eisem Personal um Haff keng Iwerstonnen.

(DNF 348, 29.12.00)

KROP DER EN ABO, SOSS KROOPT DÉCH DEN ABBÉ

abonnéieren