27/12/2002 - Neujahrsansprache 2002 (n° 0)
D’Neijooschtried vum Lannenhari 2002
L-l-l-l-löf Universitären, löwe Rotary-Club, l-l-l-l-löf Lëtzebuerger,
schons geet nees e Jöer op en Enn, esou wéi de Schnéi op Davos fällt an nös schmëlzt. E Joer voller gudder a schlechter Nuvellen, grad wéi d’Löwen esou spillt: deen een Dag schéisst een e fette Fierschter, deen anere geréit ee just e goueregen.
Fir eis kleng Famill, fir d’Granduchesse, de Stéphane Berne a mech, an domat fir d’ganz Land wor 2001 virun allem d’Jöer vu grousser Satisfaction a Réussite. Mir woren ölef mol a franséischen, dräizeng mol an däitschen an zweemol a belsche Frau mit Herz. Deen neie Stil, dee mer versprach haten, fir de Granduc an d’Granduchesse vun den auslännesche Coiffeurssalonen ze ginn, huet sech duerchgesat.
An dann eisen Eelsten. Mir hunn em zwar misse fir deier Söen e Premiärsexamen an der Schwäiz kafen. Ma elo ass en an England beim Militär. A wat mécht engem Papp méi Freed, wéi wa säi Sonn eng Drööchen huet a säi Brout gebak ass? Meng Fra, d’Granduchesse, an de Stéphane Berne, soten, et ka jo net jiddereen Universitär ginn.
Dëser Deeg krute mer och déi gutt Nuvelle vun der Cellule d’évaluation, dass Hëllef doheem zweemol an der Woch no eisen alen Eltere kucke kommen. Esou datt och elo fir si gesöörgt ass, déi jo keng Universitäre sinn.
An dann hu mer am Oktober d’Chambersession opgemaach, meng Fra an ech. De Stéphane Berne hat leider keng Zäit, e wor op der Ile de la Réunion, ma fir d’nächst Joer changéiere mer d’Constitution. D’Granduchesse wor ganz zefridden, well ech emol net esövill getuddelt hat wéi déi Kéier virdrun.
Ma 2001 geet, dir wësst et all, och an d’Geschicht an als dat Jöer vun där schrecklecher Katastrof, no där näischt méi ass wéi vördrun: wéi meng Fra, d’Granduchesse, an de Stéphane Bern gesönn hunn, datt d’ Lambrequinen am Kannerzëmmer um éischte Stack net bei den Tapis vun der Spënnchen am Rez-de-chaussé gepasst hunn, musste mer subitement eist ganz Schlass frësch maache loossen. Dir kënnt iech déi Dépensen an dee Stëps virstellen!
An dann de schrecklechen Euro! Ech hat mech esou gefreet, datt endlech mäi Kapp op eng Monnaie kéim. An elo dat do! Hutt der gesinn, wéi eckeg se mech op deenen Euro ofgemoolt hönn? Wéi mat der Aaxt zougeha! Just op dööne klenge vum Cent geet et e bësse besser. Ech kann iech söen, meng Fra, d’Granduchesse, an de Stéphane Berne woren ausser sech!
Ma vergiesse mer d’Weltpolitik net! Wéinst engem klengen Incident um 11. September höt missen eng Reunion vom Comité olympique ofgesot ginn. An do hätte wichteg Decisioune misse geholl ginn. Zum Beispill datt d’Sekretäre vun de Comitésmemberen och dierfen eischt Klass amplaz Business fléien. Ma loosse mer net desesperéieren, 2002 ass nach e Jöer, wö mer dat alles kënnen nohölen. Wa mer nëmmen op Öördnung, Disziplin, gutt Manéieren a porper Fangerneel oppassen.
An esou wënschen ech iech a mengem Numm an am Numm vu menger Fra, der Granduchesse, an dem Stéphane Berne, e schéint neit Jöer!